top of page

Bei PonyPottery entdecken d'Kanner d'Welt vun de Ponyen an enger roueger a familiärer Atmosphär.

Ob Ponynomëttiger, Kannergebuertsdag, kreativ Schaffe mat Keramik oder spillerescht Léiere mat Ponyen, am Mëttelpunkt stinn ëmmer Freed, Beweegung, Kreativitéit a flott gemeinsam Erliefnisser.

 

D'Ponyen hëllefen de Kanner dobäi, Selbstvertrauen, Konzentratioun an nei Fäegkeeten op eng natierlech a spilleresch Aart a Weis ze stäerken.

Spill, Spaass & Léiere mat Ponyen

Aktuell Aktivitéiten fir Kanner

Weider Offeren op Ufro
Dës Offeren sinn dat ganzt Joer méiglech a ginn individuell un den Alter vun de Kanner an
hir Besoinen ugepasst.

Pony 1x1

Beim Pony 1x1 léieren d' Kanner de sécheren a respektvollen Ëmgang mat Ponyen. Zesumme botzen a féieren mir d' Ponyen, beobachten hir Kierpersprooch a léieren, wat si brauchen, fir sech wuelzefillen.

 

Kleng Parcoursen, spilleresch Übungen an Zäit um Pony suergen dofir, datt all Eenheet ofwiesslungsräich bleift. Dobäi geet et nik nëmmen ëm d'Reiden, mee virun allem dorëm, Vertrauen opzebauen an d'Ponyen besser ze verstoen.

 

Alter: ab 5 Joer
Auerzäit: 9:30–11:00 Uhr
Präis: 30 € pro Kand

Eenzel buchbar · kleng Gruppen

 

​​​

Datumer:

  • 03. Oktober 2026

  • 17. Oktober 2026

  • 31. Oktober 2026

  • 14. November 2026

  • 28. November 2026

  • 12. Dezember 2026                                                                                                                                                                                                                                                                                                                                                            

20211016_103256.jpg
20211019_170313.jpg

Spaass mat Päerd

Eng flott Auszäit am Stall fir Kanner, déi d'Liewen vun de Ponyen kenne léieren wëllen a gär Zäit mat hinnen verbréngen.

​Zesummen botzen mir d'Ponyen, féiren se, maachen kleng Spiller op a mat dem Pony an erliewen d'Déieren an enger roueger, entspaanter Atmosphär.

  • Dauer: 60 min.

  • Terminer: flexibel, op Ufro

  • Präis: 30 € (1Kand)  

              25 € pro Kand (2 Kanner)

Geb3.jpg

Pony-Gebuertsdag

​E ganz besonnesche Gebuertsdag fir kleng Ponyfrënn - mat Zäit bei de Ponyen a kreativem Gestalten am Keramikatelier.​​​​​​​

D'Kanner erliewen d'Ponyen ganz no beim Botzen, Féieren, bei klenge Spiller an enger roueger, entspaanter Atmosphär.

Am kreativen Deel entstinn eege Keramikstécker, déi spéider gebrannt ginn an als Erënnerung mat heem geholl kënne ginn.

  • Dauer: ca. 3 Stonnen​

  • Präis: ab 225 € fir bis zu 5 Kanner, all weidert Kand 20 € (max. 8 Kanner)​​

88.jpg

Léieren mat Päerd

An enger roueger Atmosphär ënnerstëtze ech Kanner bei schouleschen Themen, stäerken hir Konzentratioun a fërderen hir Léiermotivatioun. Duerch de Kontakt mat de Ponyen fällt villes méi liicht - d'Léieren geschidd op eng spillerisch Manéier, wat villen Kanner den Drock hëllt. Kleng Pausen an Zäit mam Pony hëllefen hinnen, sech besser ze fokusséieren a gutt Léiererfolleger ze erreechen. 

  • Terminer: flexibel, op Ufro

  • Alter: ab 6 Joer

  • Facebook
bottom of page