top of page

Wëllkomm bei PonyPottery

Keramik fir Jonk an Al

Päerdsënnerstëtzte Pädagogik & Léierënnerstëtzung mat Päerd

Hei stéisst Kreativitéit op Natur. A menge Keramik-Workshops entdecken Kanner an Erwuessener d'Freed um Schaffe mat Leem – fräi, spilleresch a mat vill Plaz fir Fantasie. D'Resultat sinn eenzegaarteg Stécker, déi mat Léift handwierklech gemaach ginn.

 

Mat menge Ponyen erliewen d'Kanner Freed a Léierënnerstëtzung an enger spezieller Atmosphär. Duerch de Kontakt mat den Déieren kréien si Selbstvertrauen, Rou a nei Stäerkten. D'Léieren gëtt zu enger spillerescher Erfahrung - mat Häerz, Bewegung a Freed.

1.jpg
IMG-20250828-WA0016_edited_edited_edited

Päerd & Kand

Kanner duerch d'Kraaft vu Päerd begleeden

Coaching, Vakanzenprogrammer, individuell Sessiounen

Keramik

Kreativitéit entdecken

Keramik-Workshops fir Kanner an Erwuessener

Handgemaachten, eenzegaarteg Stécker

tanja-an-rainbow-16_resized.jpg

Iwwer mech

Kreativitéit an d'Natur begleeden mech zënter menger Kandheet - genee wéi meng Päerd.

Nodeems ech mäi Konschtstudium ofgeschloss hunn, hunn ech meng Passioun fir Keramik entdeckt a schaffen zënterhier mat grousser Freed am Konschthandwierk a Konschtberäich.

 

Duerch meng Aarbecht an enger Grondschoul a Mamm vun zwee Kanner erliewen ech all Dag, wéi Kanner duerch Kreativitéit, Bewegung an Interaktioun mat Déieren wuessen. Dës Erfarungen hunn mech inspiréiert, eng Ausbildung als Kanner- a Jugendcoach mat Päerd ofzeschléissen an de Moment eng weider Ausbildung am Beräich vun der Léierënnerstëtzung mat Päerd (Dyslexie an Dyskalkulie) ze maachen.

 

Mat PonyPottery kombinéieren ech alles, wat mir wichteg ass - kreativ Aarbecht mat Leem a pädagogesch Aarbecht mat Päerd.

Béid bréngen Fridden, Freed an d'Méiglechkeet, iwwer sech selwer erauszewuessen.

 

Ech freeë mech, Leit vun all Alter ze begleeden, wa se nei Saachen entdecken – souwuel am Atelier wéi och um Päerd.

 

 

Über mich
  • Facebook
bottom of page