Keramik-Workshops - Sidd dat ganzt Joer kreativ mat Leem
Hei fënns du meng aktuell Keramikofferen.
Egal ob reegelméisseg, thematesch oder ganz individuell - bei mir kanns du kreativ sinn, nei Saachen ausprobéieren a schéi Saachen mat déngen Hänn kreéieren.
Aktuell Workshops
Hierschtkeramik
Workshop fir Erwuessener
.png)
An dësem dräideeligen Workshop kreéiert Dir Är eege Hierschtkeramik. Zum Beispill kënnt Dir Kürbissen, Lanteren, Wichtel oder aner Dekoratiounen, déi zur Joreszäit passen, maachen.
Déi éischt zwee Owender bauen a dekoréiere mir d'Keramikstécker aus Leem. Den drëtten Owend ginn déi scho gebrannt Stécker glaséiert.
Dir kënnt Är eegen Iddien matbréngen oder Eech vun mengen Saachen inspiréiere loossen.
Et sënn keng Virkenntnisser néidig.
Datumer: 28. September 2026
5. Oktober 2026
19. Oktober 2026
Zäit: vun 19:00 bis 21:00 Auer
Präis: 155 €
Am Workshop abegraff:
-
dräi Workshop-Owender
-
Leem, Glasuren an all anert Material
-
een Schrüh- an een Glasurbrand
-
Gedrénks a kleng Snacks
-
Begleedung an Ënnerstëtzung am klenge Grupp
Ech freeë mech drop, Eech bei Äre ganz perséinlechen Hierschtprojeten ze begleeden.
Keramikcours
Entdeck verschidden Techniken
_edited.jpg)
An dësem fënnefdeelege Keramikkurs léiert Dir verschidde Weeër fir mat Leem ze schaffen.
Dir kënnt Är eegen Iddien matbréngen oder Iech vu menge Beispiller inspiréiere loossen. Dëst wäert zu enger grousser Villfalt vu Keramikstécker féieren – vu Schosselen bis Dekoratiounsfiguren, Biller a perséinleche Projeten.
De Cours bitt genuch Zäit fir Techniken an Ärem eegenen Tempo auszeprobéieren, se weider z'entwéckelen an Är Aarbecht Schrëtt fir Schrëtt ofzeschléissen.
Et sënn keng Virkenntnisser néidig.
Datumer: 2., 9., 16., 23., 30. November 2026
Zäit: vun 19:00 bis 21:00 Auer
Präis: 225 €
Am Cours abegraff:
-
fënnef Owender wou mir mat verschiddenen Technike schaffen
-
Leem, Glasuren an all anert Material
-
verschidde Brennprozesser
-
Gedrénks a kleng Snacks
-
Begleedung an Ënnerstëtzung am klenge Grupp
Dëse Cours fënnt ab 4 Participanten statt.
Chrëschtkeramik
Workshop fir Grouss

An dësem dräideeligen Workshop bastelt Dir Är eege Chrëschtkeramik . Egal ob et Elch, Stären, Wichtelen, Lanteren oder aner festlech Dekoratiounen sënn - Dir kënnt Är eegen Iddien matbréngen oder Eech vu menge Beispiller inspiréiere loossen.
Déi éischt zwou Kéieren wäerte mir d'Keramikstécker aus Leem formen an dekoréieren. Déi lescht Kéier ginn déi scho gebrannt Stécker glaséiert.
Kanner kënnen alleng oder zesummen mat engem Erwuessenen matmaachen. Et sënn keng Virkenntnisser néidig.
Datumer: 22. November 2026
29. November 2026
13. Dezember 2026
Zäit: moies vun 9:30 bis 11:30 Auer
Präis: 155 €
Erwuessenen + Kand: 280 € zesummen
Am Workshop abegraff:
-
3x Workshop
-
Lehm, Glasuren an all anert Material
-
een Schrüh- an een Glasurbrand
-
Gedrénks a kleng Snacks
-
Begleedung an Ënnerstëtzung am klenge Grupp
Ech freeë mech drop, mat Eech Är ganz perséinlech Chrëschtstécker ze kreéieren.
Individuell Gruppenworkshops

Du plangs e Jonggesellenabschid, e Gebuertsdag, e Familljennomëttig oder wëlls einfach mat Frënn oder Kolleegen zesumme kreativ ginn?
Da gestalten ech e Workshop ganz no ären Wënsch.
Ob witzig Déirefiguren, Keramik fir Haus a Gaart oder en anere kreative Projet, zesumme setze mir är Iddien ëm.
De Workshop passen ech individuell un är Grupp un, souwuel wat d'Thema wéi och Dauer ugeet. An enger entspaanter Atmosphär schafe mir mat Leem, Kreativitéit a klenge Snacks e flotte Moment, deen nach laang a gudder Erënnerung bleift.
Schreif mir einfach iwwer de Kontaktformular. Zesumme plange mir äre ganz perséinlichen Workshop.
"All Workshoppen fannen a klenge Gruppe statt - an enger entspaanter Atmosphär mat Raum fir Kreativitéit an Austausch."