top of page

Eis dräi Ponyen - jidderee vun hinnen op seng eege Manéier eenzegaarteg

48.jpg

Rösti

D'Bomi - Mini-Shetland, 26 Joer 

 

Eise klenge Mini-Shetland-Pony ass mat senge 26 Joer dat eelst an der Grupp. Hatt huet roueg Momenter gär, genéisst et geheemelt ze ginn, an ass einfach eng léif, roueg Séil. Seng Präsenz bréngt direkt Fridden an déi ganz Grupp.

43.jpg

Neila

Dat Couragéiert - Shetlandpony, 20 Joer

 

Eise Shetland-Pony ass e staarke Pony op klenge Been. Hatt bleift a jiddwer Situatioun roueg a gesammelt - kaum eppes kann hatt aus der Rou bréngen. Egal ob fir e Spadséiergang oder eng Kutschfaart, hatt ass ëmmer zouverlässeg. Frëndlech, staark a roueg: e klenge Super-Pony.

e_edited.jpg

Rainbow

Dat Virwëlzegt - Tinker, 10 Jahre

Eis 10 Joer al Tinker-Mier ass dat jéngst aus der Grupp an definitiv dat, wat ëmmer als éischt säin Kapp an alles stécht. Hatt ass intelligent, virwëtzeg a wëll einfach alles wëssen. Mat senger oppener Art, sengem Temperament an sengem léiwe Bléck gewënnt hatt jidderengem sengt Häerz.

 

  • Facebook
bottom of page