top of page
Foto11_edited.jpg

Wëllkomm bei PonyPottery

Kreativ Zäit mat Ponyen a Keramik

Bei PonyPottery entstinn eenzegaartig Keramikstécker an enger entspaanter Atmosphär - fir Kanner, Erwuessener a Familljen.

Ob Keramik-Workshop, Kannergebuertsdag, Pony & Keramik oder Pony 1x1. Am Mëttelpunkt stinn Freed, Kreativitéit a gemeinsam Fantasie.

 

Mat menge Ponyen erliewen Kanner Beweegung, Natur an e respektvollen Ëmgang mat Déieren. Op spilleresch Aart entwéckelen si Sebstvertrauen, Freed an nei Fäegkeeten. 

1.jpg
IMG-20250828-WA0016_edited_edited_edited

Ponyen & Keramik

.Spilleresch Erliefnisser mat Ponyen, Natur a Kreativitéit

Ponynomëttiger · Kannergeburtsdeeg · Léiere mat Ponyen

Keramik

Kreativitéit entdecken

Keramik-Workshops fir Kanner an Erwuessener

Handgemaachte Keramik

tanja-an-rainbow-16_resized.jpg

Iwwer mech

Kreativitéit an d'Natur begleeden mech zënter menger Kandheet - genee wéi meng Päerd.

Nodeems ech mäi Konschtstudium ofgeschloss hunn, hunn ech meng Passioun fir Keramik entdeckt a schaffen zënterhier mat grousser Freed am Konschthandwierk a Konschtberäich.

 

Duerch meng Aarbecht an enger Grondschoul a Mamm vun zwee Kanner erliewen ech all Dag, wéi Kanner duerch Kreativitéit, Bewegung an Interaktioun mat Déieren wuessen. Dës Erfarungen hunn mech inspiréiert, eng Ausbildung als Kanner- a Jugendcoach mat Päerd ofzeschléissen an de Moment eng weider Ausbildung am Beräich vun der Léierënnerstëtzung mat Päerd (Dyslexie an Dyskalkulie) ze maachen.

 

Mat PonyPottery kombinéieren ech alles, wat mir wichteg ass - kreativ Aarbecht mat Leem a pädagogesch Aarbecht mat Päerd.

Béid bréngen Fridden, Freed an d'Méiglechkeet, iwwer sech selwer erauszewuessen.

 

Ech freeë mech, Leit vun all Alter ze begleeden, wa se nei Saachen entdecken – souwuel am Atelier wéi och um Päerd.

 

 

Über mich
  • Facebook
bottom of page